17/09/2016 – Tag der offenen Tür
Nouveautés,  Unkategorisiert

17/09/2016 – Tag der offenen Tür

Ronn 250 Leit waren um Samschdeg, dem 17. September, bei eis op Besuch. Vun 10:00 bis 18:00 stoungen eis Parte wäit op an d’Leit konnten eise Betrib entdecken. Eng ganz Rei flott Projet’en stoungen am Haff fir inspizéiert ze ginn. Donieft konnt een a geféierte Besichtegungen den Atelier an d’Fertegung kucken. Et konnt een natierlech och sou duerch d’Gebai trëppelen an d’Maschinnen an d’Camionen selwer entdecken. Iwwer de ganzen Dag war fir Iessen an Drénke gesuergt.

Ee grousse Merci un all eis Partner, eis Clienten déi hier Gefierer zur Verfügung gestallt hunn, eist Team, déi de Dag selwer vill gehollef hunn an, zu gudder Lescht, déi vill Leit, déi kucke komm sinn.