16/09/2016 – Jubiläumsfeier 80 Joer
Non classé

16/09/2016 – Jubiläumsfeier 80 Joer

Um Freidegowend, dem 16. September, hu sech ëm 200 Leit am Atelier vu Carrosserie Roemen afonnt fir den 80’te Jubiläum vum Carrosseriebetrieb ze feieren. Dorënner sëllesche Clienten, Garagisten an offiziell Vertrieder vun der Fédération des Artisans an der Gemeng Kielen.

Den Optakt vum offiziellen Deel huet de Charel Roemen mat enger Begréissung an engem klengen Historique gemaach. Duerno huet hien dem neie Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen, Guy Scholtes, d’Wuert iwwerginn, deen d’Roll vum Betrib an der Gemeng Kielen erkläert huet. Als zweete Riedner huet den Här President vun der Fédération des Artisans Michel Reckinger d’Wuert ergraff. Hien huet op d’Roll vun de Familljebetriber am Handwierk hi’gewisen. Och de Mangel u motivéierte jonken Handwierker war een Thema. Uschléissend huet de Charel Roemen am Numm vum Betrib zwee Punkten ugeschwat, déi an noer Zukunft missten ugaange ginn. De Fachpersonalmangel an de begrenzte Bauterrain fir Betriber waren dës zwee Haaptpunkten. Als Ofschloss huet hien de Client’en a Garagiste Merci fir hiert Vertrauen an hier Mataarbecht gesot. Ee grousse Merci goung och un d’Mataarbechter, déi iwwer 80 Joer am Betrib schaffen a geschafft hunn.

Als Merci waren d’Clienten déi éischt, déi de Video iwwer de Betrib hunn duerfe gesinn. Uschléissend gouf fir dat leiblecht Wuel vun de Leit gesuergt. Bis spéit an d’Nuecht gouff geschwaat, diskutéiert a geplangt.